DE ROUDE LÉIW

UROPFÉIERUNG

Optragswierk fir d´Philharmonie Luxembourg, Kannermäerchen mat Musek vir Mënschen ab 4 Joer 

 

Skandal! Skandal! Vun engem Dag op deen aneren war de roude Léiw verschwonnen! Jo, einfach esou hat hien sech duerch d´Bascht gemaach. Op der Sich no Aventuren ass hien an enger friemer Welt gelant, am Alusru-Land. Hei begéint hien ongewéinleche Wiesen, wéi dem Orlaf, den Callis oder dem Illaias. An de roude Léiw léiert eppes ganz Neies kennen: Esou ënnerschiddlech all déi Wiesen och sinn, am Alusru-Land liewen si alleguer friddlech zesummen - well jiddereen ass hei wichteg a richteg. 

 

Uropféiherung 11. Mai 2024, Philharmonie Luxembourg

Inszenéierung: Richard Schmetterer

Bün & Kostümer: Karoline Hogl

mat: Betsy Dentzer

 

vertreten durch Felix Bloch Erben