Oh du do uewen, deem seng hand

Oedipus, Medea, Phedra, Theseus

Véier Eenakter vum Ian De Toffoli, Olivier Garofalo,

Nico Helminger a Jeff Schinker

 

Fir déi al Griiche war d’Erziele vun Heldegeschichten eng Art a Weis fräi an dichteresch ob der Welt ze liewen. Dës Geschichte léieren de Mënsch, seng Stärkten a Schwächten wouer ze huelen, a virun allem seng Limiten, déi hie vun de Götter ënnerscheeden. Duerch d’Erliewe vum Myth gëtt de Mënsch eréischt Mënsch. Besonnësch spannend schéngt déi bleiwend Aktualitéit vun deenen ale Mythen, déi duerch e Prozess vu jorhonnertelaanger Transformatioun, eis haut gläichzäiteg friem a vertraut schéngen. 

Well all Zäit hir eege Manéier huet, déi mënschlech Limiten ze vergiessen, brauch och all Zäit hir Erzielungen, fir eisem Gediechtnes ob d’Spréng ze hëllefen. Véier lëtzebuerger Schrëftsteller transposéieren, speziell fir dëse Projet, véier algriichesch Mythen an d’lëtzebuerger Sprooch an erlaben eis dës Erzielungen nei ze erliewen. 

 

Uropféierung den 3. Mäerz 2017,  Koproduktioun vum Kasemattentheater mam Escher Theater, dem Kinneksbond an dem CNL

Regie: Thierry Mousset

Dramaturgie: Claire Wagener

Bühn a Kostümer: Peggy Wurth

Beliichtung: Pavla Beranova

Video: Luboš Zbranek

 

Presse

 

"Es ist die kollektive Leistung der Autoren Olivier Garofalo, Ian De Toffoli, Nico Helminger und Jeff Schinker sowie des Teams um Regisseur Thierry Mousset, dass das Stück „Oh du do uewen, dem seng Hand“ eine solche Intensität erzeugt. (...) Etwa Olivier Garofalos Einakter über den Vatermörder. Ein Politiker hat – getragen von einer allgemeinen Aufbruchstimmung – die Gunst der Stunde genutzt und sich durch den Königsmord an die Macht geputscht. Doch vom Aufbruch ist nicht mehr viel geblieben. Es folgt Ernüchterung."

Luxemburger Wort/Pol Schock

 

"Die Spannung zwischen göttlicher Prophezeiung und Menschlichem wird auf Luxemburg gemünzt und als diejenige zwischen politischem Erbe und Freiheit gedeutet."

Lëtzebuerger Land/Anina Valle Thiele

 

"Dans Oedipus, Olivier Garofalo montre, à partir de l´emprise du passé, le conflit entre culpabilité et liberté d´action dans un contexte politique, une allusion lors des dernières législatives au Luxembourg: tenter de persévérer malgré les blâmes et oppositions."

Le Jeudi/Josée Zeimes

 

"Im Fokus steht König Ödipus, die Figur aus der griechischen Mythologie, die sich am meisten im Spannungsfeld zwischen göttlicher Prophezeiung und menschlichem Verstand bewegt.  (...) Es geht um den Gewissenskonflikt eines Regierungsmitglieds, um Verantwortung und um Schuldzuweisungen. Der relativ rasante Auftakt endet im Stillstand."

Lëtzebuerger Journal/Simone Molitor